CIBETT Vëlkerball-Tournoi 2018

Wini? 12. Mee 2018 - Start: 14:00 (RDV: 13:30)
Wou? Sporthal 2 - Beetebuerg (Rue James Hilliard Polk)

Parking? Parkplaze sinn direkt virun der Sportshal disponibel. W.e.g. d’Parkplaze beim Asazzenter fir eis Déngschtéquippe fräiloossen.
Umellung? Umelle kann een sech online bis de 6. Mee 2018. D'Umeldung ass réischt no Iwwerweisung vum Betrag an Réckmeldung vun eis gëlteg.

Hei klicken fir op den Umeldungs-Formulär!
Käschten? 50 € pro Équipe (inclus 1 Gedrénks- an 1 Iessbong pro Spiller)

De Bäitrag muss op folgende Konto iwwerwise ginn:

Protection Civile Bettembourg
IBAN: LU90 0019 1300 0303 4000
BIC: BCEELULL
Équipe? All Equipe besteet aus minimum 5 a maximum 7 Spiller. Matmaachen kënnen all d'Membere vun de Rettungsdéngschter an der Police. Gemëschten Equippen tëscht verschiddene Corpsen/Zenteren/Unitéiten sinn selbstverständlech erlaabt.

Den Tournoi ass fir erwuessen Équippen an net fir d'Jugendpompjéeën geduecht.
Spillmodus? Gespillt gëtt a Gruppen, esou datt all Equipe méiglechst vill Matcher spille kann. No der Gruppephase gëtt de Gewënner an engem K.O.-Modus ermëttelt.
Teams? max. 20
Schiidrichter? D’Equippen arbitréieren hier Matcher selwer. Béi Onkloerheeten decidéiert ee Schiidsriicher vum Organisatiounsteam. Et ass ee Spaasstournoi, dofir leeën mir vill Wäert op Fairplay!
Präisser? Déi 3. éischt Plazen ginn jeeweils mat engem klénge Kaddo belount!
Iessen a Gedrénks? Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt. All Equipe kritt gratis Waasser während dem Tournoi.
Regelen? Download (.pdf)
Froen? Bei Froen wend iech einfach un presse@cibett.lu

D'Regelen als Video: