Zeremonie – 125 Joer!

Léiw Membere vum CIS Bettembourg,

Léiw fréier Membere vun de Beetebuerger Pompjeeën an der Protection Civile Beetebuerg,

Léiw Invitéeën,

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën an den CIS Bettembourg freeë sech, dech op déi offiziell Zeremonie fir den 125. Gebuertsdag vun de Beetebuerger Pompjeeën z'invitéieren.

Aus organisatoresche Grënn, biede mir dech, dech w.e.g. bis spéitstens den 30. Mee 2025 iwwert dëse Formulaire oder iwwer E-Mail un-/ofzemellen.

An der Hoffnung, dass mir dech den 11. Juni begréisse kënnen!

 

PS: D'Zeremonie fënnt dobaussen am Parc Merveilleux statt. Deemno biede mir dech, dëst bei der Wiel vun de Kleeder an och de Schong ze berécksiichtegen.