Aarbechtsgruppen – 125 Joer

Fir d'Organisatioun vun den 125-Joer Beetebuerger Pompjeeën wëll de Comité d'Membere vun der Amicale mat abannen. Dofir wäerten eng Rei Aarbechtsgruppen opgestallt ginn, déi ënnert der Leedung vum Organisatiounscomité a vum Comité vun der CIBETT A.S.B.L. schaffen.

An enger éischter Phase plangt de Comité 4 verschidden Aarbechtsgruppen:

  • Pompjeesbal: Organisatioun vun engem Bal/Party an engem groussen Zelt
  • Offiziell Zeremonie: Organistioun vun der offizieller Zeremonie fir d'125-Joer Feier mat villen Invité'en
  • Porte Ouverte: Organisatioun vun enger gréisserer Porte Ouverte vun engem Dag
  • Buch: Realisatioun vum Buch 125-Joer Beetebuerger Pompjeeën

An all Aarbechtsgrupp wäert och ëmmer mindestens 1 Member vum Comité a vum Organisatiounscomité vertruede sinn.

Wanns du wëlls an engem oder méi Aarbechtsgruppe matschaffen, kanns du dech hei ganz gären aschreiwen. De Comité wäert d'Gruppen dann an de nächste Wochen zesummesetzen an aruffen.

Merci fir deng Mathëllef!