Porte Ouverte

Dag bei de Beetebuerger Pompjeen 2023

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën an den CIS Beetebuerg organiséieren Samschdes den 23. September 2023 no 6 Joer Paus nees eng Porte Ouverte. Ënnert dem Numm "Dag bei de Beetebuerger Pompjeeën" kënnt dir de ganzen Dag iwwert d'Aarbecht vun de Pompjeeën zu Beetebuerg entdecken!

Allgemeng Infoen

  • Datum: Samschdeg 23. September 2023
  • Auerzäit: ab 10:00 Auer - den offizielle Programm geet bis 18:00 Auer, de Grill an de Gedrénksstand sinn awer natierlech méi laang op
  • Plaz: CIS Beetebuerg (2-4, rue James Hilliard Polk L-3275 Bettembourg)
  • Publik: d'Porte Ouverte riicht sech u Jiddereen, eegal op Grouss oder Kleng

Wat erwaard iech?

  • Atelieren:
    • Mënschesich: fill dech wéi e Pompjee a sich a kompletter Pompjeesuniform eng vermësste Persoun an engem Raum voller Damp.
    • Firetrainer: léier dem Ëmgang mat Feierläscher a Läschdecken.
    • Pompjees-Jenga: dat bekannte Spill Jenga mat Utensilien vun de Pompjeeë spillen.
  • Virféierungen:
    • Jugend-Pompjeeën: Retten vun enger Persoun aus engem Auto mat uschléissender Brandbekämpfung
    • Fett-Brand: wéi een e Fettbrand richteg läscht, a firwat een dësen op kee Fall soll mat Waasser läschen
  • Ausstellung vu Rettungsgefierer: entdeck d'Rettungsgefierer vum CIS Beetebuerg
  • Informatiounsstand: informéier dech iwwert d'Aarbecht vun de Pompjeeën an huel däi Rauchmelder mat
  • Catering: selbstverständlech ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt - jee no Wieder fannt dir Sëtzplazen ënner Daach
  • Tombola: eng grouss Tombola mat ville flotten a verschiddene Präisser
  • Visites guidées: entdeck den CIS Beetebuerg a kuck hannert d'Kulissen
  • Spiller fir Kanner: e flott Sprangschlass an Pompjees-Sprëtzwänn fir déi Kleng

Programm

  • 10h00: Offizielle Start vun der Porte Ouverte
  • ab 10h00: Atelieren, Infostand, Spiller fir Kanner
  • 11h00: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand
  • 11h30: Virféierung Fettbrand
  • 14h00: Virféierung Jugendpompjeeën
  • 14h30: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand
  • 16h00: Virféierung Fettbrand
  • 17h30: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand

Parking

Beim CIS selwer si keng Parkplaazen. An der direkter Emgéigend fannt dir awer eng Rei Parkinger:

  • Place Nelson Mandela (Sportshal): 4h gratis Parking
  • Place de la gare: gratis Parking - Accès via Unterführung
  • Kiercheplaz: 30min gratis Parking

De Parking niewt dem CIS Beetebuerg ass Freides Owes a Samschdes de ganzen Dag iwwer gespaart.

Den Atelier Mënschesich