Offiziell Zeremonie

Am Kader vum 125. Anniversaire vun de Beetebuerger Pompjeeën huet d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën, zesumme mam CIS Bettembourg Mettwochs den 11. Juni 2025 op déi offiziell Zeremonie invitéiert. Dës huet am Parc Merveilleux zu Beetebuerg stattfonnt.

125 Joer Beetebuerger Pompjeeën - dat ass eng laang Geschicht. Dëst ass awer net just d'Geschicht vun de Beetebuerger Pompjeeën, déi 1900 gegrënnt gi sinn, mee och vun der Sektioun Hunchereng-Fenneng-Näerzeng (1914 an d'Liewe geruff), der Unitéit vun der Protection Civile Bettembourg, déi 1962 en Place gesat ginn ass, dem uschléissenden Centre d'Intervention Bettembourg (CIBETT) an haut dem CIS Bettembourg. Iwwert all déi Joren hu vill Leit d'Rettungswiesen zu Beetebuerg markéiert, an hiren Deel zu der Geschicht an der Entwécklung bäigedroen. Fir all deene Leit Merci fir hiert Engagement ze soen, huet d'Amicale fir déi offiziell Zeremonie esou wuel déi aktiv Memberen, Veteranen a Jugendpompjeeën, wéi och déi fréier Memberen vu Beetebuerg invitéiert.

E Parcours duerch de Parc Merveilleux

An engem ganz spezielle Kader sinn déi heiteg a fréier Memberen, esou wéi eng sëllegen Éieregäscht, dorënner den Inneminister Léon Gloden, de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet, Membere vum Schäffen- a Gemengerot, de President a Vertrieder vum Verwaltungsrot vum CGDIS, Membere vum Comité Directeur a vun der Zone de Secours Süd, op eng Reess an d'Vergaangenheet geschéckt ginn.

D'Invitéeë sinn duerch de Parc Merveilleux geschéckt ginn. Ënnerwee konnte si, niewt de sëllegen Déieren, véier Statioune bestaunen, op deene si Ablécker an d'Geschicht vun CIS Bettembourg kritt hunn:

  • Beetebuerger Pompjeeën: de Nico Grisius huet en Abléck an d'Geschicht vun de Pompjeeë ginn, mat engem besonnegen Accent op den 2. Weltkrich.
  • Jugendpompjeeën: d'Tessy Emeringer (Jugendhelfer) esou wéi d'Laura an de Gil (Jugendpompjeeën) hunn d'Geschicht vun der Beetebuerger Jugend erzielt.
  • Protection Civile Bettembourg: den Dirk Schneider a Gast Molling (fréier Zentercheffen) hunn Anekdoten iwwert d'Protection Civile zu Beetebuerg erzielt. Highlight war d'Austellung vun dem éischten Ambulanz-Modell, deen zu Beetebuerg an den Asaz komm ass.
  • CIS Bettembourg - fréier an haut: de Jean-Jacques Schroeder an de Chris Weber hunn den CIS Bettembourg an Zuelen a Standuerter erkläert.
DSC05311
DSC05339

Den offiziellen Deel

No der Reess an d'Vergaangenheet stoung um 19:00 Auer den offiziellen Deel vun der Zeremonie um Programm. Wärend enger Stonn ass an diverse Rieden e Réckbléck, mee och en Ausbléck gemaach ginn:

  • de President Max Delvaux ass op d'Wichtegkeet vum Engagement vun de Memberen am CIS Bettembourg agaangen. Och an Zukunft wëll d'Amicale sech fir d'Memberen asetzen a staark maachen.
  • den Chef CIS Sven Weber huet dovu profitéiert, de Memberen fir hiert Engagement Merci ze soen an op déi villsäiteg Aarbecht, déi d'Beetebuerger Pompjeeën leeschten, anzegoen.
  • de Buergermeeschter Laurent Zeimet ass op d'Wichtegkeet vun de Pompjeeën an der Gemeng agaangen, huet awer och un déi geduecht, déi den Anniversaire net méi mat feiere konnten.

 

  • de Generaldirekter vum CGDIS Paul Schroeder huet den CIS Bettembourg an enger Videousproch fir seng Virreidersoll ervirgehuewen.
  • de President vum Verwaltungsrot vum CGDIS Alain Becker huet op d'Wichtegkeet vun engem gudde Rettungswiesen higewisen a matgedeelt, dass den 130. Anniversaire zesumme mam CIS Diddeleng am neien Zenter kéint gefeiert ginn.
  • den Inneminister Léon Gloden huet de Beetebuerger Pompjeeën fir hir Geschicht félicitéiert an op déi ëmmer méi wichteg Roll vum Rettungswiesen als zivilt Schutzschëld higewisen.

E neie Logo an e neie Fändel

Am Kader vun der Zeremonie huet de Chris Weber, Vizepresident, de neie Logo vun der Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeë virgestallt. Dëse Logo ersetzt de fréiere Logo vum CIBETT, dee fir seng markant "Glack" op de Gefierer bekannt war, bevir dësen Design op de Ween vum CGDIS-Design ofgeléisst ginn ass.

De neie Logo besteet aus engem Schutzschëld, wat d'Bevëlkerung virum Feier/der Gefor schützt (d'Haaptmissioun vun de Pompjeeën) an der fréierer CIBETT-Glack, déi nieft engem Hommage un den ale Logo och d'Alarmbereetschaft vun de Membere weist.

DSC06176

Uschléissend huet d'Amicale de Beetebuerger Pompjeeën hire neie Fändel iwwerreescht. De Fändel ass vum Porte Drapeau, dem Lieutenant 1ère classe Jean-Jacques Schroeder un de President vun der Amicale an uschléissend un de Chef CIS iwwerreescht ginn. Entouréiert war de Fändel vun 8 Membere vum CIS Bettembourg, dëst an aktuellen a fréieren Uniformen.