Léif Kanner, Léif Elteren,
Et gëtt lues a lues méi kaal dobaussen an d'Engelscher an de Kleeschen fänken un mat schaffen. Och dëst Joer léisst de Kleeschen et sech nees net huelen, fir e Stopp bei de Beetebuerger Pompjeeën ze maachen.
Dofir hu mir déi grouss Freed, d'Jugendpompjeeën, d'Kanner an d'Enkelkanner vun de Membere vum CISBET (aktiver a Veteranen) e Sonndeg 29. November 2026 an den CIS Bettembourg ze invitéieren. De Kleeschen, zesumme mat sengem Gesell den Houseker, wäert géint 15:00 Auer am CIS landen.
Fir dass de Kleeschen awer weess, fir wien hien alles e Kaddo apake muss, biede mir iech, fir d'Kanner/Enkelkanner bis spéitstens den 18. November iwwert de nofollgende Formulaire unzemellen.
Fir follgend Kanner géif de Kleeschen e Kaddo apaken:
- Jugendpompjeeë
- Kanner an Enkelkanner vun den operationelle Memberen a Veteranen, dëst bis en Alter vun 10 Joer inclus (net fir d'Geschwëster vun eise Memberen geduecht)
Fir dass och keen hongereg Heem geet, kënnt dir gären e Kuch oder eng Taart matbréngen. Gitt dëst w.e.g. am Formulaire mat un.
D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën an den CIS Bettembourg freeën sech, fir zesumme mat iech all e flotten Nomëtteg ze verbréngen.
Hohoho!
