Firwat net du?

  • http://cibett.lu/wp-content/uploads/2023/08/cropped-Cibett_Webicone.png

    Du bass hëllefsbereed?

  • http://cibett.lu/wp-content/uploads/2023/08/cropped-Cibett_Webicone.png

    Du bass motivéiert an huet Teamgescht?

  • http://cibett.lu/wp-content/uploads/2023/08/cropped-Cibett_Webicone.png

    Du hues mindestens 16 Joer?

  • http://cibett.lu/wp-content/uploads/2023/08/cropped-Cibett_Webicone.png

    Du hues Zäit dech ze engagéieren?

Da gëff fräiwëllege Pompjee am CGDIS

De CGDIS sicht fräiwëlleg Pompjeeën - Eegal ob am Beräich vun der Ambulanz, vun de Pompjeeën oder a béide Beräicher!

Wat muss ech maachen?

Den éischte Kontakt:

  • Du bass vu Beetebuerg oder wunns an der Emgéigend? Da mell dech beim CIS Bettembourg (49771 6400 oder cisbet@cgdis.lu).
  • Du wunns ausserhalb vu Beetebuerg? Wend dech un d'Departement vun de fräiwëllege Pompjeeën (49771 2332 oder volontariat@cgdis.u).

Du gëss vum Chef CIS an e Gespréich invitéiert a kriss hei déi néideg Informatiounen iwwert de CGDIS an déi weider Schrëtt vun dengem Engagement.

D'Journée de recrutement:

Déi nächst Etappe sinn all an engem Dag regruppéiert. Däin Chef CIS mellt dech nom Gespréich an der "Journée de recrutement" un. Hei warde folgend Momenter op dech:

  • Sportstest
  • Examen médical am STP
  • Umoosse vun der Uniform
  • Aschreiwen an déi éischt Formatiounen

 

Initial Formatiounen:

Befirs du als operationelle Pompjee an den Asaz fuere kanns, muss du deng Grondausbildung ofschléissen:

  • Allgemeng Grondausbildung: Cours d'initiation commun (CIC 1 + CIC 2). Wärend 4 Deeg kriss du d'Rettungswiesen erklärt an déi éischt Geste bäibruecht.
  • Ambulanz: Fir kënnen op der Ambulanz matzefueren, muss du uschléissend d'Formatioun "Secours à personne 1" (SAP 1) vu 5 Deeg matmaachen.
  • Pompjeeën: Fir bei de Pompjeeë matzefueren, muss du d'"Formation Incendie Sauvetage 1" (FIS 1) iwwert d'Dauer vu 7 Deeg matmaachen.

An der Iwwergangsphase kanns du awer schonn un de maintien des acquis (MDA) an dengem CIS deelhuelen.

 

Deng éischt Etappe si gepackt an du bass fräiwëllege Pompjee

Wéi geet et weider?

No denger Grondausbildung fänkt dat eigentlecht Engagement als fräiwëllege Pompee un. Dëst besteet aus ville Voleten:

  • Reegelméisseg Déngscht op de jeeweilege Gefierer
  • Deelhuelen un der interner Weiderbildung (Maintien des acquis)
  • Deelhuelen un der Formation Continue vum CGDIS
  • Weider Formatiounen am Beräicht Ambulanz (SAP 2) an/oder Pompjeeën (FIS 2, FIS 3, evtl. den Otemschutzléiergang)
  • Deelhuelen um Liewen an un den Aktivitéiten vum CIS