Pompjeesquiz 2026

Pompjeesquiz 2026

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën organiséiert déi 3. Editioun vum Pompjeesquiz! De ganzen Owend iwwer gëtt äert Wëssen getest, dëst esou wuel am Beräich vum Pompjee- a Rettungswiesen wéi och am Allgemengwëssen. Bedéngt duerch d'Thematik riicht sech de Quiz exklusiv u Leit aus de Rettungsdéngschter.

Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech beschtens gesuergt!

Allgemeng Infoen

  • Wéini? Samschdeg 21. November 2026
  • Auerzäit? 18h30 - d'Diiren ginn um 18h00 op
  • Wou? am Schlass zu Beetebuerg (13, rue du Château L-3217 Bettembourg)
  • Iessen? Nuddelen mat Bolognaise an Napolitaine esou wéi Dessert'en
  • Wien dierft matspillen? All aktiven a fréiere Member vun de Rettungsdéngschter (Pompjee, Operateur, Direktioun a Zone)!

D'Ekippen

  • Dir tried alleng oder an der Ekipp un. PS: an der Ekipp mécht et méi Spaass 🙂
  • Gréisst vun der Ekipp: 1 - 6 Persounen
  • All Ekipp brauch natierlech och e passende Numm
  • Dir kommt als ganz Ekipp verkleed? Da kritt dir Bonus-Punkten

Präiss

  • Startgeld? 20€/Persoun (Nuddelen inklusiv)
  • D'Startgeld ass am Viraus ze bezuelen (Virement oder Payconiq). Dir kritt dëst per Mail no der Umeldung geschéckt.
  • De ganzen Owend iwwer kënnt dir mat Borgeld, Kaart a Payconiq bezuelen

Mell deng Ekipp un: