Neie Fändel

Am Joer 1900 goufen d'Pompjeeën zu Beetebuerg no Opruff vum deemolege Buergermeeschter Léon Auguste Collart gegrënnt. 52 Persounen hunn am selwechte Joer d'Ausbildung als Pompjee zu Beetebuerg ofgeschloss. Haut sinn d'Beetebuerger Pompjeeën ënnert dem Numm CIS Bettembourg gefouert, deen esou wuel  Service Incendie et Sauvetage wéi och de Service Ambulance regroupéiert an dem CGDIS ënnersteet. 2025 feieren d'Beetebuerger Pompjeeën hier 125-Joer! E gréissere Programm wäert dat Joer organiséiert ginn.

Concours fir e neie Fändel

Am Kader vum 125. Anniversaire wëllen d'Beetebuerger Pompjeeën och en neien, offizielle Fändel aféieren. De Fändel huet bei de Pompjeeën eng laang a wichteg Traditioun a gëtt bei allen offiziellen Uläss gedroen.

CIBETT-Logo__125_Joer__(negative_blue)

E Fändel spigelt d'Identitéit vun de Pompjeeën zeréck a stellt och eng Verbindung zu Lëtzebuerg hier.

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën - CIBETT A.S.B.L. lancéiert dofir e Concours fir den Design vum neie Fändel, dee wärend der 125-Joer-Feier soll präsentéiert ginn. Duerch dëse Concours soll d'Ausgesi vun der Récksäit vum Fändel entworf ginn.

De Concours riicht sech u jiddereen, deen eng kreativ Oder huet, a wëlles huet, déi nei Identitéit vum Fändel ze kreéieren.

Bedéngunge vum Concours:

Wien ka matmaachen? Jiddereen! Egal op Kënschtler, Moler oder einfach als Kreativen. All Persoun kann seng Propose fir de Visuell vum Fändel vun de Beetebuerger Pompjeeën erareechen.

Wat muss beim Design respektéiert ginn? Beim Design vum Fändel musse follgend Elementer agehale ginn:

  • Dimensioun: 100 x 100 cm
  • Just fir eng Säit (Récksäit)
  • Faarwe kënne fräi gewielt ginn (Pantone-Faarwen). E fléissende Farwverlaf ass allerdéngs net méiglech
  • Formater: AI, PDF, SVG oder EPS

Den Inhalt vum Fändel soll d'Identitéit fir d'Beetebuerger Pompjeeë representéieren. D'Aart a Weis vum Design ass dem Ersteller fräi gestallt. Heibäi kann et sech esou wuel ëm eppes Traditionelles, wéi och eppes Modernes handelen.

Kascht d'Participatioun eppes? Nee, d'Participatioun un dësem Concours ass selbstverständlech gratis.

Wéi gëtt de Gewënner erausgesicht? De Gewënner gëtt duerch en Aarbechtsgrupp bestëmmt. Dëse Grupp besteet aus Membere vum Comité vun der Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën, vum Organisatiounscomité 125-Joer a vun der Gemeng Beetebuerg. All d'Propose wäerten anonym an dësem Grupp bewäert ginn, fir dass all Persoun selwecht behandelt gëtt.

Gëtt et eppes ze gewannen? Jo! Déi Persoun, där hire Fändel zeréckbehale gëtt, kritt e Präis vun der Amicale iwwerreecht. All Persoun déi um Concours deelhëlt, wäert op déi offiziell 125-Joer Feier invitéiert ginn.

Dir sidd intresséiert a wëllt eis Ären Design proposéieren? Da maacht mat bei eisem Concours!

Fir beim Concours matzemaachen, musst Dir Iech umellen. Dëst kënnt Dir ab dem 16.02.2024 ganz einfach iwwert de Formulaire hei drënner. Dir musst um Moment vun der Umeldung nach keng Propose mat erareechen. D'Umeldung ass och net bindend. Sollt Dir keng Propose bis de Stéchdatum eragereecht hunn, verfält Är Umeldung automatesch ouni weider Suitten.

Dir kënnt Är Propose bis spéitstens de 15. August 2024 um 23:59 erareechen. Detailer iwwert d'Erareeche vun der Propose kritt dir no der Umeldung.

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën steet iech bei Froe gären zur Verfügung. Och wann dir Hannergrond-Informatiounen iwwert d'Beetebuerger Pompjeeë braucht, kënnt dir dës gäre bei eis Nofroen (cisbet-amicale@cgdis.lu).

 


 

CIBETT-Affiche__125_Joer__Fändel