Porte Ouverte 2025

Nodeems d'Beetebuerger Pompjeeën den 20. Juni 2025 schonn hire Gebuertsdag mam Beetebuerg OpenAir! mat der Gesellschaft gefeiert hunn, stoung Samschdes de 27. September d'Porte Ouverte bei de Beetebuerger Pompjeeën um Programm. De ganzen Dag iwwer konnten d'Leit hei en Abléck an d'Aarbecht vun de Fräiwëllegen a Beruffleche Pompjeeën zu Beetebuerg kréien an och selwer Hand uleeën. Parallel dozou gouf de nationale Pompjeescross zu Beetebuerg ofgehalen.

Vill Leit op der Porte Ouverte

D'Wieder hat et gutt mat de Beetebuerger Pompjeeë gemengt an esou ass, no vill Niwwel, pünktlech fir de Start vun der Porte Ouverte d'Sonn eraus komm. Esou hunn dann och vill Kanner an Erwuessener de Wee op Beetebuerg fonnt, fir sech e Bild vun der Aarbecht vun de Rettungsdéngschter ze maachen.

Vue dass d'Porte Ouverte am Kader vum 125. Anniversaire organiséiert ginn ass, huet sech de Site nieft dem Territoire vum CIS Bettembourg och op de Parking vun der Sportshal gestreckt. Hei goufen eng ganz Rei Atelieren A Virféierungen gebueden, grad ewéi och d'Ausstellung vu Rettungsgefierer: nieft de Ween vum CIS Bettembourg, waren hei ënnert anerem Gefierer vum CIS Dudelange, CIS Frisange an SOS Dépannage ausgestallt.

Besuch kruten d'Beetebuerger Pompjeeën och aus Portugal, dëst vun de Pompjeeskolleege vu Valpaços. Zënter Joren verbënnt béid Corpsen eng Frëndschaft, esou dass si et sech net huele gelooss hunn, fir bei der Porte Ouverte fir den 125. Gebuertsdag dobäi ze sinn.

Virféierungen

4 Virféierunge goufen iwwert den Dag ofgehalen. Ugefaangen um 11h30 mat enger Demonstratioun vun de Jugendpompjeeë vu Beetebuerg. Déi jéngst aus de Reien vum CIS Bettembourg hunn dem Publik hei gewisen, wat si an de wéchentlechen Übungen alles léieren. Bei engem fiktiven Accident hunn missten e Vëlosfuerer an en Autofuerer vun de Kanner a Jugendlechen en Charge geholl ginn. Den Oflaf war heibäi genau esou, wéi dëst och vun de grousse Pompjeeë gemaach gëtt.

Nom Mëttegiessen huet d'Hondsstaffel vun der Douane hier Aarbecht virgestallt. Bei verschiddenen Exercicer hunn si gewisen, wéi hir Hënn ausgebilt ginn, wéi eng Kontroll ofleeft an och, wéi si virginn, wann eng Kontroll eng Kéier net esou verleeft, wéi dëst sollt sinn. Flott fir de Publik war heibäi virun allem, dass si aktiv konnten un der Virféierung deelhuelen

Fir ofzeschléissen hunn d'Beetebuerger Pompjeeën 2 Demonstratioune gemaach. Als éischt gouf dem Publik erkläert, wéi een e Brand vu Fett richteg läsche soll: den Asaz vun enger Läschdecken gouf demonstréiert. Uschléissend goufen d'Leit awer och sensibiliséiert, wisou een an esou engem Fall kee Waasser dierf benotzen. Den impressionnante Feierball bleift de Leit sécher an Erënnerung.

Als lescht Virféierung hunn d'Pompjeeë gewisen, wéi si bei engem Zëmmerbrand virginn. Dofir gouf eng Kichen a Brand gestach a vun engem Otemschutztrupp geläscht.

Atelieren fir Grouss a Kleng

Nieft de Virféierungen hunn divers Atelieren d'Leit invitéiert, selwer Hand unzeleeën. Fir d'Kanner war sécherlech d'Sprangschlass an d'Kinderfeuerwache mat klenge Pompjeesauto'en, déi vum CGDIS zur Verfügung gestallt ginn, den Highlight. Ma och divers praktesch Ateliere goufen ugebueden:

  • de richtegen Ëmgang mam Feierläscher
  • d'Duerchféiere vun enger Reanimatioun - liewensrettend Gester
  • d'Siche vun enger Persoun mat engem Otemschutzgerät um Réck an engem Raum, deen ënner Damp stoung
  • Erklärungen zu enger Ambulanz (RTW - Rettungswagen)

Fir déi Leit, déi schonn ëmmer e Bléck hannert d'Kulisse vum CIS Bettembourg geheie wollten, goufen dräi gutt besichte Visites guidées ugebueden.

De nationale Pompjeescross

All Joers gëtt de nationale Pompjeescross fir déi jonk a manner jonk Pompjeeën ugebueden. Dëst Joer ass dësen, parallel zur Porte Ouverte, zu Beetebuerg organiséiert ginn. De Leefer huet sech hei e flotte Parcours duerch de Schlasspark gebueden, mat Depart an Arrivée beim MiniStade nieft dem Asazzenter. Ronn 150 Leit si matgelaf.