Beetebuerg OpenAir!

D'Beetebuerger Pompjeeë feiere mat Iech

Am Kader vum 125. Anniversaire vun de Beetebuerger Pompjeeën huet d'Amicale Freides den 20. Juni 2025 op de "Beetebuerg OpenAir" invitéiert. De Beetebuerg OpenAir war e Concert, deen ënnert dem Motto "D'Beetebuerger Pompjeeë feiere mat Iech" stoung. Bei Gratis Entrée konnte sech d'Beetebuerger Awunner an d'Kolleege vun de Pompjeeën divers Concerten ulauschteren - an och e Gebuertsdagskuch huet natierlech net gefeelt.

D'Ouverture an e Gebuertsdagskuch

Freides, 20. Juni 2025 - bei beschtem Wieder mécht d'Hamonie Municipale Bettembourg an d'Fanfare Ste. Cécile Hunchereng-Fenneng-Näerzeng de "Beetebuerg OpenAir" um 18h00 op. Der Amicale war et wichteg, dass hiren Anniversaire vun der lokaler Musek lancéiert gëtt.

Uschléissend gouf et den obligatoresche Gebuertsdagskuch, gesponsert vun de Schnékert! A well d'Pompjeeë mat der Gesellschaft feiere wollten, war net just de Gebuertsdagskuch gratis, mee och d'Gedrénks war tëscht 18h45 a 19h15 fir Jiddereen gratis. Eeben eng richteg Gebuertsdagsparty.

E musikaleschen Owend

Bei deem gudde Wieder hunn ëmmer méi Leit op de Parking bei der Sportshal fonnt - iwwer Dausend Leit ware beim Beetebuerg OpenAir! Dobäi.

Um 19h15 ass e weidere Lëtzebuerger Akt opgetrueden. Den Adriano Selva (bekannt ënnert anerem duerch de Luxembourg Song Contest, dëst nach ënnert dem Numm CHAiLD!) huet d'Leit mat senger Musik ënnerhalen a fir gutt Stëmmung gesuergt.

De musekaleschen Highlight war awer sécherlech ab 20h45 déi italieenesch Bon Jovi Tribute Band. "NEW JERSEY" ass international ënnerwee a suergt mat de beschte Lidder vun Bon Jovi fir beschte Stëmmung, esou och zu Beetebuerg. Iwwer 2 Stonne sinn d'Musiker aus Italien opgetrueden an hunn d'Bün zum Brenne bruecht. Spéitstens elo war de Publik net méi ze halen a wollt d'Museker guer net méi vun der Bün goe loossen.

Ofgeschloss huet den Owend de Lëtzebuerger Dj - Dj DEE, deen bis 00h30 opgeluecht huet. Och hien huet nach vill Leit mat senger Musik a säi Bann gezunn.

Géint 01h00 Auer hunn och déi lescht Leit de Site verlooss an en erfollegräichen Owend an eng gegléckte Gebuertsdagsfeier ass op en Enn gaangen.

Logistik

Fir d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeë war esou een Event keng alldeeglech Missioun. Dofir kruten si bei der Realisatioun vill Ënnerstëtzung. De Site, grad och wéi d'Bün an d'Technik, gouf vun der Gemeng Beetebuerg zur Verfügung gestallt, dëst well de ganze Site scho fir de Virowend vum Nationalfeierdag amenagéiert war. Ma och de Catering fir d'Musiker an de Public huet mussen organiséiert ginn.

Wärend d'Musiker an der Sportshal e Buffet opgebaut kritt hunn, huet d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën 3 Buvetten um Site exploitéiert an de Näerzenger Fëscherclub an d'Gemengenaarbechter (Hëllef fir e gudden Zweck) hunn 2 Iessstänn bedriwwen.

Well d'Parkplaze ronderëm de Site limitéiert waren, konnt zesumme mam RetroBus an dem Cactus eng gratis Navette vum Parking Cactus bis op den OpenAir ugebuede ginn, eng Méiglechkeet vun där vill Leit profitéiert hunn.

grousse Merci un eis Partner, déi de Beetebuerg OpenAir! ënnerstëtzt hunn: Gemeng BeetebuergEldoRadiode SchnékertSCars

LineUp:

  • 18h00 - 18h45: Harmonie Municipale Bettembourg & Fanfare Ste. Cécile Hunchereng-Fenneng-Näerzeng
  • 18h45 - 19h15: Gebuertsdagskuch a Gratis Patt!
  • 19h15 - 20h15: Adriano Selva (known as CHAiLD!)
  • 20h45 - 22h45: NEW JERSEY - Bon Jovi Tribute (IT)
  • 23h00 - 00h30: Dj DEE

 

Lauschtert hei de Radio-Spot op EldoRadio fir de Beetebuerg OpenAir:

FacebookEventHeader_v01