AG 2026

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën, freed sech, Iech fir d'Generalversammlung anzelueden, déi Dënschdes de 3. Mäerz 2026 um 19:00 Auer am CIS Beetebuerg ofgehale gëtt.

Den Ordre du jour gesäit folgend Punkte vir:

  1. Präsenzkontroll
  2. Begréissung duerch de President vun der Amicale
  3. Gedenkminutt un déi verstuerwe Memberen
  4. Opnam vun de neie Memberen
  5. Keesebericht
  6. Entlaaschtung vum Keessier
  7. Auswäertung vun de Walen
  8. Wiel vun de Keessereviseuren
  9. Aktivitéiten 2025 an Ausbléck 2026
  10. Comité vum Joer 2025
  11. Entlaaschtung vum Comité
  12. Réckbléck op d’Aarbecht vum CISBET am Joer 2025
  13. Bericht vun der Jugendaarbecht
  14. Verschiddenes a fräi Aussprooch
  15. Ried vum Vertrieder vun der Zone
  16. Ried vum Gemengevertrieder

 

Mir bieden Iech, Iech fir d'Generalversammlung un-/ oder ofzemellen. Aktiv Memberen, déi net kënnen do sinn, kënne bis den 15.02.2026 Bréifwal ufroen oder sech vertriede loossen.