D'Beetebuerger Pompjeeën haten iwwert d'Joren verschidde Fändelen. Op dëser Säit fannt dir all d'Fändelen zënter der Grënnung vun de Beetebuerger Pompjeeën am Joer 1900.
1904 - den éischte Fändel
Den éischte Fändel kruten d'Beetebuerger Pompjeeën am Joer 1904, also 4 Joer no der Grënnung. Dëse Fändel war an däitscher Sprooch an huet eng éischte Kéier de Sproch "Alle für einen - Einer für alle" opbruecht.


1931 - op Lëtzebuergesch
Am Kader vum 30. Anniversaire ass 1930 de Fändel vum Auguste Collart presentéiert ginn a war vun 1931 un am gebrauch. Pätter war den Edmond Faber a Giedel d'Madame Jacquinot.
Et war deen éischte Fändel vun de Beetebuerger Pompjeeën, deen op lëtzebuergesch gehale war.


1950 - 50 Joer Beetebuerger Pompjeeën
5 Joer nom Enn vum Krich kruten d'Beetebuerger Pompjeeë fir hire 50. Gebuertsdag en neie Fändel. Och dësen huet de Sproch "All fir en - en fir all" (sic.) gedroen.


1975 - E Fändel ouni Sproch
De 6. Juli 1975 ass am Kader vum 75. Anniversaire den neie Fändel vun de Beetebuerger Pompjeeë presentéiert ginn. Et ass eng éischte Kéier, dass de bekannte Sproch "Ee fir all - All fir een" net um Fändel stoung. Och war et deen éischte Fändel, dee net op béide Säiten an de Rout-Wäiss-Bloe Faarwe gehale war.


2000 - den aktuelle Fändel
Fir den 100. Anniversaire kruten d'Beetebuerger Pompjeeën nees en neie Fändel. Dëse Fändel sollt de Wiessel vum 20. an dat 21. Joerhonnert alauden.
Op der viischter Säit ass de Roude Léif op engem Wappeschëld a Form vun engem Pompjeeshelm grad wéi och d'Beetebuerger Gemeng ze fannen. D'Récksäit ass modern gehalen a soll d'Villsäitegkeet vun den Aufgabe vun de Pompjeeë weisen. 4 Hänn (dorënner 2 Männer- an 2 Fraenhänn) sollen d'Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra duerstellen. All Hand huet eng Bedeitung:
- déi ënnescht Hand ass eng Händchen aus Asbest, op där eng Flam läit. Dës weist op d'Missioun Brandbekämpfung hin.
- Déi iewescht Hand ass eng Händchen aus Lieder, déi op déi geféierlech Aarbechte bei Accidenter, Héichwaasser oder Ëmweltkatastrophen hindeit.
- Déi riets, hautfaarweg, Hand steet fir déi humanitär a rettend Aufgaben.
- Déi lénks Hand an enger groer Händche steet fir déi rechtlech Aufgaben, ewéi d'Ewechmaache vun Harespelen oder d'Präsenz bei Manifestatiounen.
Zentral ass eng grouss Flam positionéiert, déi allerdéngs duerch dräi (blo-wäiss) Waasserstralen a wäisse Schaum (fir déi chemesch Brandbekämpfung) bekämpft a besiegt gëtt (dofir verlafen d'Flaame vum rouden an dat gielt).
Dëse Fändel huet 8 Giedelen (GOTTAL-PEIFFER Elise, HOFFMANN Sylvie, JUCHEM-JUNG Ginette, LOEVEN-FLERES Monique, LUX-HUTMACHER Romy, REUTER-KAYSER Susi, SCHNEIDER-KEMP Annette a WEBER-COLOTTE Malou) an 8 Pätter (GALES Marcel, HIPPERT Francy, KASS Henri, MICHELY Jeannot, MOLLING Emile, MORITZ Henri, THOLL Jeannot an ZEIMET Arthur).

