Recensement Kleeder – CISBET

All Member vum CIS Bettembourg soll 1 propper Tenue fir offiziell Evenementer (z.B. Virowend Nationalfeierdag, Diplomiwwerreechung, etc.) doheem hunn. Dëse Set besteet aus: 1 F1-Polo, 1 F1-Sweatshirt, 1 F1-Box, 1 F1-Paltong (mat Velkro), 1 blot Hiem mat kuerzen Äerm an 1 mat laangen Äerm, eng Krawatt, 1 Rimm an 1 Kap. Dës Tenue soll an engem gudden a propperen Zoustand sinn an deemno net fir Asätz genotzt ginn.

Well vill Memberen nach keen esou ee Set doheem hunn, mech de CISBET e Recensement iwwert d'Kleeder déi dir schonn doheem hutt an déi dir nach braucht. Dofir biede mir dech, dëse Formulaire éierlech auszefëllen (et geet net drëms dass jiddereen elo doheem en eegene Kleederpool opbaut, mee eng propper Tenue huet).

Gëff w.e.g. bei all Kleedungsstéck un, ops du et schonn hues oder net an wéi eng Gréisst du hues/brauchs. Wanns du deng Gréisst net kenns, kanns de am Kleederpool umoossen.

D'Amicale profitéiert dovun, och hier TShirts ze recenséieren.

Mir bieden dech, dëst bis den 15. September era geschéckt ze hunn.

Merci fir deng Mathëllef.