LF – Ford F5

1950, am Kader vun hirem 50. Anniversaire, kruten d'Beetebuerger Pompjeeën en neie Läschwon. Dëst Gefier war bis Ugangs 80'er Joren zu Beetebuerg am Asaz, bevir dëse vun der Gemeng verkaf ginn ass. 2005 gouf de Won vun de Beetebuerger Pompjeeën zeréckkaf, gëtt aktuell restauréiert a wäert 2026 nees op Beetebuerg kommen.

De Läschwon

D'Auto-Motorspritze (LF - Läschwon) baséiert op engem amerikanesche Ford F5 Chassis an huet e Lëtzebuerger Opbau (Pläng vum Bureau Adrien Faber - Opbau Carrosserie Edinger - Fonderie de Mersch (Pompel) - Emaillage Maroldt vu Beetebuerg).
De Won gouf den 20. November 1950 mat engem Gewiicht vun 3.730 kg an enger Leeschtung vun 14 CV op d'Administration communale de Bettembourg zougelooss.
Ford_1

D'Geschicht vum Won

Am Kader vum 50. Anniversaire kruten d'Beetebuerger Pompjeeë vun der Gemeng 1950 dëse moderne Won iwwerreecht. Den éischten dokumentéierten Asaz vun dësem Won war den 19. Januar 1951, dëst wéi et vis-à-vis vum haitege Pompjeesbau zu engem ausgedeenten Daachstullbrand komm ass. Iwwert d'Jore war de Won bei villen Asätz agebonnen an huet en treien Déngscht geleescht.

Ugangs den 80'er Joren huet d'Gemeng allerdéngs entscheet, de Won wéinst engem Motorschued an ouni Wëssen an Accord vun de Pompjeeë verkaf. De Schrotthändler "Piazza" vu Monnerech hat de Won ofkaf.

2000, am Kader vum 100. Anniversaire vun de Beetebuerger Pompjeeën, gouf de Won op der Porte Ouverte zu Beetebuerg ausgestallt. De Proprietär wollt de Won deemools allerdéngs net un d'Pompjeeë verkafen. Nom Dout vum Schrotthändler huet sech d'Spuer vum Ford verluer. Duerch Zoufall ass dëse Won 2005 duerch de Guy Bley an der Belsch bei engem Schrotthändler erëm fonnt ginn.

D'Beetebuerger Pompjeeën hunn sech dofir agesat, de Won zeréck op Beetebuerg ze huelen. Esou huet den deemolege Kommandant Armand Martiny de Läschwon den 12. September 2005 fir 2.500 € zeréckkaf an de Won ass op Beetebuerg iwwerfouert ginn.

D'Restauratioun

Mam Retour vum Won op Beetebuerg, hunn sech d'Membere vun de Beetebuerger Pompjeeën als Zil gesat, dëse Won nees an d'Rei ze setzen an him en zweet Liewen ze ginn.

A ville Stonnen ass de Won am Asazzenter zu Beetebuerg Stéck fir Stéck ausernee geholl ginn, an éischt Reparature sinn duerchgefouert ginn. D'Carrosserie ass vun der Firma Lamesch nei lackéiert ginn an e neie Motor ass kaf ginn.

Leider ass de Projet awer iergendwann un d'Stoppe komm, an de Won stoung just nach zu Hunchereng an der Garage vum ale Pompjeesbau. Nodeems dëst Gebai renovéiert ginn ass, ass de Won an enger Hal ënner komm, de Projet vun der Restauratioun ass allerdéngs net méi weider gelaf.

Am Kader vum 125. Anniversaire vun de Beetebuerger Pompjeeën huet d'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën sech 2025 als Zil gesat, d'Restauratioun ofzeschléissen. Dofir ass de Won an d'Belsch bei eng professionell Firma iwwerfouert ginn. Stand elo, soll de Won am Laf vum Joer 2026 nees zeréck op Beetebuerg kommen.