Neien CIS

Wéi op der Informatiounsversammlung annoncéiert, siche mir en Numm, fir den zukünftege gemeinsamen CIS vun den Zentere Beetebuerg an Diddeleng. All Member huet dofir d'Méiglechkeet, seng Propos(en) fir de Numm vun dësem CIS anzereechen.

Uschléissend wäerten d'Membere vu béiden Zentere kënnen iwwert de Numm ofstëmmen. Déi 3 meeschtgewielten Nimm ginn, no enger Analyse vun de Kaderen, un d'Direktioun vum CGDIS weidergeschéckt. Si wäerten déi final Entscheedung treffen.

Du wëlls eng Propos erareechen? Da fëll w.e.g. dëse Formulaire aus (Just eng Propos pro Kéier areechen w.e.g.).

Bei Froen kanns du dech bei engem vun eis mellen.

 

Léif Gréiss

Sven an Yves