Dag bei de Beetebuerger Pompjeen 2023
D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën an den CIS Beetebuerg organiséieren Samschdes den 23. September 2023 no 6 Joer Paus nees eng Porte Ouverte. Ënnert dem Numm "Dag bei de Beetebuerger Pompjeeën" kënnt dir de ganzen Dag iwwert d'Aarbecht vun de Pompjeeën zu Beetebuerg entdecken!
Allgemeng Infoen
- Datum: Samschdeg 23. September 2023
- Auerzäit: ab 10:00 Auer - den offizielle Programm geet bis 18:00 Auer, de Grill an de Gedrénksstand sinn awer natierlech méi laang op
- Plaz: CIS Beetebuerg (2-4, rue James Hilliard Polk L-3275 Bettembourg)
- Publik: d'Porte Ouverte riicht sech u Jiddereen, eegal op Grouss oder Kleng
Wat erwaard iech?
- Atelieren:
- Mënschesich: fill dech wéi e Pompjee a sich a kompletter Pompjeesuniform eng vermësste Persoun an engem Raum voller Damp.
- Firetrainer: léier dem Ëmgang mat Feierläscher a Läschdecken.
- Pompjees-Jenga: dat bekannte Spill Jenga mat Utensilien vun de Pompjeeë spillen.
- Virféierungen:
- Jugend-Pompjeeën: Retten vun enger Persoun aus engem Auto mat uschléissender Brandbekämpfung
- Fett-Brand: wéi een e Fettbrand richteg läscht, a firwat een dësen op kee Fall soll mat Waasser läschen
- Ausstellung vu Rettungsgefierer: entdeck d'Rettungsgefierer vum CIS Beetebuerg
- Informatiounsstand: informéier dech iwwert d'Aarbecht vun de Pompjeeën an huel däi Rauchmelder mat
- Catering: selbstverständlech ass fir Iessen a Gedrénks beschtens gesuergt - jee no Wieder fannt dir Sëtzplazen ënner Daach
- Tombola: eng grouss Tombola mat ville flotten a verschiddene Präisser
- Visites guidées: entdeck den CIS Beetebuerg a kuck hannert d'Kulissen
- Spiller fir Kanner: e flott Sprangschlass an Pompjees-Sprëtzwänn fir déi Kleng
Programm
- 10h00: Offizielle Start vun der Porte Ouverte
- ab 10h00: Atelieren, Infostand, Spiller fir Kanner
- 11h00: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand
- 11h30: Virféierung Fettbrand
- 14h00: Virféierung Jugendpompjeeën
- 14h30: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand
- 16h00: Virféierung Fettbrand
- 17h30: Visite guidée CIS - Treffpunkt beim Infostand
Parking
Beim CIS selwer si keng Parkplaazen. An der direkter Emgéigend fannt dir awer eng Rei Parkinger:
- Place Nelson Mandela (Sportshal): 4h gratis Parking
- Place de la gare: gratis Parking - Accès via Unterführung
- Kiercheplaz: 30min gratis Parking
De Parking niewt dem CIS Beetebuerg ass Freides Owes a Samschdes de ganzen Dag iwwer gespaart.