Quiz

POMPJEESQUIZ #2

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën organiséiert déi zweet Editioun vum "Pompjeesquiz"! De ganzen Owend iwwer dréint sech alles rondrëm ärt Wëssen an de Beräicher Pompjeeën a Rettungsdéngschter. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech beschtens gesuergt!

De Quiz ass net fir de grousse Public, mee exklusiv fir aktiv a fréier Membere vun de Rettungsdéngschter (e.a. CIS, GIS, Zones, Direktioun, CSU112, administrativt Personal, ...)

Allgemeng Infoen

  • Wéini? Samschdeg 23. November 2024
  • Auerzäit? 19h00 - d'Diiren ginn um 18h00 op
  • Wou? am Schlass zu Beetebuerg (13, rue du Château L-3217 Bettembourg)
  • Iessen? Nuddelen mat 3 verschidden Zoosen (Bolognese, Carbonara, Végétarienne)
  • Wien dierft matspillen? Aktiv a Fréier Membere vun de Rettungsdéngschter

D'Ekippen

  • Dir tried alleng oder an der Ekipp un. PS: an der Ekipp mécht et méi Spaass 🙂
  • Gréisst vun der Ekipp: 1 - 6 Persounen
  • All Ekipp brauch natierlech och e passende Numm
  • Et ass net verbueden, Spiller aus puer CIS, GIS, ... zu méchen
  • Dir kommt als ganz Ekipp verkleed? Da kritt dir Bonus-Punkten

Präiss

  • Startgeld? 20€/Persoun (Nuddelen  inklusiv)
  • D'Startgeld ass am Viraus ze bezuelen (Virement oder Payconiq). Dir kritt dëst per Mail no der Umeldung geschéckt.
  • De ganzen Owend iwwer kënnt dir mat Borgeld, Kaart a Payconiq bezuelen

Mell deng Ekipp un: