AG 2025

D'Amicale vun de Beetebuerger Pompjeeën, freed sech, Iech fir d'Generalversammlung anzelueden, déi Dënschdes de 4. Mäerz 2025 um 19:00 Auer am CIS Beetebuerg ofgehale gëtt.

Den Ordre du jour gesäit folgend Punkte vir:

  1. Präsenzkontroll
  2. Begréissung duerch de President vun der Amicale
  3. Gedenkminutt un déi verstuerwe Memberen
  4. Opnam vun de neie Memberen
  5. Keesebericht
  6. Entlaaschtung vum Keessier
  7. Walen
  8. Wiel vun de Keessereviseuren
  9. Aktivitéiten 2024 an Ausbléck 2025
  10. Comité vum Joer 2024
  11. Entlaaschtung vum Comité
  12. Réckbléck op d’Aarbecht vum CISBET am Joer 2024
  13. Bericht vun der Jugendaarbecht
  14. Ausbléck: 125 Joer Beetebuerger Pompjeeën
  15. Verschiddenes a fräi Aussprooch
  16. Ried vum Gemengevertrieder

 

Mir bieden Iech, Iech fir d'Generalversammlung un-/ oder ofzemellen. Aktiv Memberen, déi net kënnen do sinn, kënne bis den 15.02.2025 Bréifwahl ufroen oder sech vertriede loossen.